BréisselInklusiv Krëppche suergt fir vill Polemik

RTL Lëtzebuerg
Eng Krëppchen, net am Stall mä am Zelt a mat Gesiichter aus Stoff, suergt fir vill Diskussiounen an der belscher Haaptstad.
© Foto von NICOLAS TUCAT / AFP

Zu Bréissel suergt d’Krëppchen op der Grand-Place fir Polemik. Eng Artistin huet am Optrag vun der Stad Bréissel eng Installatioun geschaaft, déi sech als inklusiv gesäit, an dowéinst amplaz vun de Gesiichter vun Maria, Josef an dem Jesuskëndchen Käpp aus Stoff gemaach huet. Doranner soll sech jiddereen erëmerkenne kënnen.

D’Figure stinn och net am engem Stall, mä an engem wäissen Zelt nieft dem Chrëschtbeemchen. D’Reaktiounen op d’Wierk sinn esou hefteg ausgefall, datt sech de Buergermeeschter op enger Pressekonferenz demonstrativ hannert d’Wierk an hannert d’Artistin gestallt huet.

An elo ass och nach e Samschdeg Mëtteg de Kapp vum Jesus geklaut ginn. D’Gemeng iergert sech iwwert de Vandalismus, huet awer annoncéiert, datt en neie Kapp aus Stoff installéiert gëtt, sou déi belsch Press.

2017 war iwwregens d’Jesuskëndchen ganz aus der Bréissel Krëppchen gekidnapped an d’Wéi beschiedegt ginn.

Back to Top
CIM LOGO