
Wéi aus dem Policebericht ervirgeet, wier d’Arrangement, dat vu 4 Fakele beliicht war, um fréie Sonndegmoien entdeckt ginn. Den Hannergrond an Zweck vun der Aktioun ass onkloer. Et ass och d’Fro opkomm, ob et géint ee geriicht war.
Der Police no war et en “gaalgenänleche Konstrukt”, un deem e wäisse Sak houng. Donieft louchen zwou ugedoe Poppen aus Stréi. Enger huet de Kapp gefeelt a bei der zweeter Popp war op der Héicht vum Hals eng Aaxt donieft geluecht ginn. Ronderëm waren déi 4 Fakelen opgestallt.
D’Ermëttler goufe géint 3.30 Auer informéiert an hunn d’Géigestänn séchergestallt. Et gëtt wéinst dem Verdacht op eng méiglech Menace ermëttelt. Gepréift gëtt deemno och, ob de Staatsschutz muss informéiert ginn.
De Sachverhalt wier nach komplett offen. D’Fro bleift, ob et sech ëm eng geziilt Menace handelt an ob se sech op d’Bewunner vum Haus riichte kéint.