
An der Police- an Arméisklinik zu Khmelnytskyi feelt et duerch de Krich sou zimmlech un allem. Et gëtt net genuch medezinescht Material an de Stroum fält ëmmer rëm aus. Déi International Police Associatioun Lëtzebuerg (IPA) wollt seng ukrainesch Kolleegen an dëser Situatioun ënnerstëtzen an huet iwwert e puer Woche bei senge Membere Spende gesammelt, fir Material a Stroumgeneratore kënnen ze kafen. Ronn 11.000 Euro koumen hei zu Lëtzebuerg zesummen an d’IPA huet nach e bëssen dropgeluecht. Sou konnt een Hëllefsgidder am Wäert vu knapp 15.000 an d’Ukrain bréngen. Ënnerstëtz gouf d’IPA hei och vun Hospilux an Intralux.
Um Méindeg hunn de Vic Reuter an de Nico Crelo sech vu Lëtzebuerg aus op de Wee gemaach. Mat ënnert anerem zwee Stroumgeneratoren, Éischt-Hëllef-Kitten, Katheeteren a ganz vill Verbandsmaterial speziell fir Brand- a Krichswonnen am Gepäck goung et lass an d’Ukrain. D’Iwwergab war en Dënschdeg de Moien op der polnesch-ukrainescher Grenz, méi genee zu Krakovets.
Ma de Grenziwwergang huet eng Zäitche gedauert, wéi de Vic Reuter erzielt: “Et gëtt streng a grëndlech Kontrollen op direkt 2 Checkpoints. D’Grenzpolizisten an den Zoll waren allerdéngs fein an hëllefsbereet.”
Ganz anescht wier et op der anerer Säit vun der Strooss, also fir aus der Ukrain an d’EU anzereesen: “D’Ausrees huet sech aus verwaltungstechnesche Grënn oder villäicht aus gewollter Inkompetenz op polnescher Säit mat ronn 4 Stonne Waardezäit als réng Schikan erwisen. Dosende Fuerer ware blockéiert a si hunn eis op der Heemrees souguer mat eidelem Camion duerch de komplette Scann geschéckt.”
Iwwerrescht goufen déi zwou an eng hallef Palett medezinescht Material an déi zwee Generatoren op enger Tankstellen-Aire an der Ukrain. De Ivan Stepnyskvi, medezineschen Expert vun der Klinik zu Khmelnytskyi huet d’Hëllefsgidder perséinlech entgéintgeholl.

“D’Aire ass déi ganz Nuecht iwwer gutt besicht. Et gi Wueren ëmgelueden, et komme vill Bussen, mat Leit, déi rëm an hir Heemescht fueren an déi uniforméiert Grenzpolice trëfft sech hei no der Schicht op e Kaffi”, sou d’Andréck vum Vic Reuter.
D’Klinik zu Khmelnytskyi hëlt souwuel verwonnte Polizisten, Zaldote, wéi och Zivilisten op. “Déi meescht Patienten hu Verletzungen um Kapp oder un de Glidder. Awer och schwéier Prellunge gesäit ee vill. Also typesch Krichsverletzungen”, sou den Ivan Stepnyskyi.
Zënter dem Krich sinn op déi ukrainesch Police nei Aufgaben zoukomm. Dozou gehéiert d’Besetzung vu gespaarte Stroossen, verstäerkte Patrullen am Kampf géint eventuell Spiounen a Leit, déi Butteker ausraume wëllen an den direkte Kontakt zu den Zivilisten, fir ze informéieren an ze berouegen. Dobäi kënnt dann den Eskort vu Flüchtlingstransporten, d’Entschäerfe vu Sprengstoff an d’Spueresécherung.

De medezineschen Expert Ivan Stepnyskyi erzielt vu geleeëntleche Loftugrëff a -Warnungen, un déi d’Bevëlkerung sech awer deelweis scho gewinnt hätt. D’ukrainesch Populatioun wier ëmmer nach an engem Ausnamezoustand an de Krich hätt e groussen negativen Impakt. D’Ukrainer gesinn an dëser Situatioun awer och eppes Positives, wéi d’Dolmetscherin Maya Vladinka erzielt: “Mir erliewen immens vill Hëllefsbereetschaft, Frëndlechkeet a Generositéit. Et ass schéin ze gesinn, dass een a esou schwéieren Zäiten net eleng ass. Mir sinn immens dankbar dofir.”