Wiessel un der SpëtztIsabelle Lentz net méi CEO vu Munhowen

Marc Hoscheid
D'Decisioun gouf geholl, nodeems den Dossier vun der Fusioun mam Konkurrent Boissons Heintz ofgeschloss war.
De Siège vu Munhowen zu Éilereng.
De Siège vu Munhowen zu Éilereng.
© Marc Hoscheid

Et gouf ee Wiessel un der Spëtzt vu Munhowen. Zanter August ass d'Isabelle Lentz net méi CEO (Chief Executive Officer), wat enger Generaldirektesch entsprécht, vum gréissten Depositaire am Land. Hire Posten iwwerhëlt de Jacques Briot, dee bis dohi COO (Chief Operating Officer) war. Dat huet Munhowen RTL op Nofro hi matgedeelt.

Déi Decisioun wier geholl ginn, nodeems den Dossier Heintz op een Enn komm war. Am Fong wollt Munhowen mat Sëtz zu Éilereng de Konkurrent Boissons Heintz vun Housen iwwerhuelen, mee nodeems aner Acteure bei der nationaler Autorité de la concurrence reklaméiert haten, goung den Dossier un déi Europäesch Kommissioun an déi hat decidéiert, datt déi Fusioun just duerchgefouert kéint ginn, wann d'Majoritéit vun den Horeca-Aktivitéite vun Heintz verkaaft géing ginn. Ufank dës Joers war et d'Nouvelle, datt déi belsch Brauerei Maziers den Zouschlag kritt hat.

D'Isabelle Lentz ass d'Duechter vum Georges Lentz Jr., dee laang Joren d'Geschécker vun der Brasserie Nationale, zu där Munhowen gehéiert, geleet huet an deen nach ëmmer Administateur délégué ass. No hirem Studium huet si fir d'éischt fir d'ONG Pour un sourire d'enfant geschafft an dono 6 Joer laang den Hôtel Le Châtelet an der Stad bedriwwen, éier si 2012 Chief Commercial Officer bei Munhowen gouf. 2023 huet si dunn d'Successioun vum Frédéric de Radigues als CEO ugetrueden. Och wa si sech aus dem operationelle Beräich zeréckzitt, wäert si dem Betrib awer als Vize-Presidentin vum Conseil d'Administration erhale bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO