"Nee Merci. Wa schonn, da richteg"Italieenesche Minister suergt fir schmunzele wéinst Cannabis-Light-Produiten

RTL Lëtzebuerg
An Italien gëtt iwwer e méiglecht Verbuet vu Cannabis-Light-Produiten diskutéiert.

An deem Kader suergt dann awer eng Ausso vum italieenesche Landwirtschaftsminister Francesco Lollobrigida fir en allgemengt Grinsen.

E Méindeg den Owend war hie bei engem Walkampf-Event vun engem Journalist gefrot ginn, ob hien en Joint mat méi klengem THC-Gehalt wéilt. De Journalist krut nawell eng iwwerraschend Äntwert:

“Light, Nee Merci. Wann ee schonn en Joint fëmmt, sollt een et richteg maachen.”

De Lollobrigida hat sech am Virfeld fir den Ubau vu Cannabis an Italien ausgeschwat, ma d’Regierung ëm d’Ministerpresidentin Giorgia Meloni, déi iwwregens dem Lollobrigida seng Schwéiesch ass, ass fir e Verbuet vu Cannabis-Light-Produiten.

D’Produktioun an de Verkaf vu Cannabis ass an Italien zanter 2019 legal, wa manner wéi 0,5 Prozent THC enthale sinn.

D’Ausso “wa schonn, da richteg” huet sech nawell zimmlech séier verbreet. E Meme weist hie souguer als Rastafari-Sänger mat Dreadlocks, bei deem en Joint am Mond hänkt. Wou hien da seng Droge géing kafen, wollt een anere Social-Media-User wëssen. Nach een aneren huet geschriwwen, “endlech huet de Lollobrigida mol eppes Sënnvolles gesot”.

De Generalsekretär vun der liberaler Partei Più Europa, Riccardo Magi, huet dann och säi Pefferkär bäiginn an op X geschriwwen, et wier besser Cannabis ganz ze legaliséieren, well “dat denken och Milliounen Italiener”.

Den italieenesche Landwirtschaftsminister Francesco Lollobrigid ass awer net fir d’éischt opgefall. Viru gutt 2 Woche war et eng Ausso iwwer den Ukrain-Krich. Dës hat awer fir manner schmunzele gesuergt... An engem Interview op der Tëlee hat hie gesot, “Gesellegkeet” géif Fridde fërderen. Vill Kricher hätten duerch “gutt organiséiert Owendiesse mat gudde Gespréicher a Wäin” kënne verhënnert ginn.

Back to Top
CIM LOGO