Heemecht vum HeldIthaka setzt no Nolan-Film op den Odysseus, fir den Tourismus ze stäerken

AFP, iwwersat vun RTL
D'Insel Ithaka am Ionesche Mier westlech vum griichesche Festland ass normalerweis wäit fort vun den Touristenzenteren am Land, dat trotz sengem waarme Waasser an de spektakuläre Stränn op der Insel. Ma et zeechent sech Verännerung of.
D'Duerf Vathy op de rgriischecher Insel Ithaka.
D'Duerf Vathy op der griischecher Insel Ithaka.
© ANGELOS TZORTZINIS/AFP

Mam Christopher Nolan senger Verfilmung vun der Odyssee, dee grad nei Héichten am Box-Office erreecht, gouf d'Insel Ithaka bemol weltbekannt als dem Odysseus seng Heemecht, an déi hie verzweiwelt probéiert zeréckzekommen.

Geschäfter an Autoritéiten op der Insel erwaarde sech, datt de Film Touristen aus aller Welt fir ee Besuch op Ithaka inspiréiert. Obwuel de Film vum Christopher Nolan aktuell vill Leit an d'Kinoen zitt, ass en a Griicheland och net ganz onëmstridden. Zwar gouf deels a Griicheland gedréint, ma net eng eenzel Zeen gouf zu Ithaka gefilmt. D'Decisioun gefält ville vun de ronn 3.000 Inselbewunner net. Ma awer waren d'Open-Air-Virstellunge vum Film - zwou zanterdeem de Film Mëtt Juli erauskoum - gutt besicht.

De Xhimi Xoxha, deen ee Restaurant an am gréissten Duerf Vathi bedreift, sot hie wier frou datt de Film elo scho "Publicitéit fir d'Insel" géif maachen. Senger Meenung no wäerten déi positiv Effekter weidergoen.

De Buergermeeschter Dionysis Stanitsas stëmmt deem zou a seet d'Reklamm wier "super", obwuel och hie seng Enttäuschung net konnt verstoppen, datt d'Insel selwer am Film net ze gesi war. "Mir haten d'Poduktiounsteam vum Film kontaktéiert a gefrot, datt e puer Zeenen hei op der Insel gefilmt ginn", sot hien. "Mee leider war dat net méiglech."

Hie rechent allerdéngs voll dermat, datt d'Demande fir d'nächst Joer klamme wäert. Elo scho war d'Insel ausgebucht, nach virun der Publikatioun vum Film. "Wa méi Leit e gesinn, fänke se un hir Vakanz op der Insel ze plangen."

Touriste kommen op Ithaka op hir Käschten

Touriste fannen zwar kee Palast vum Odysseus oder soss iergendwellech spektakulär Ausgruewungen, déi weisen, datt dem Homer säin Held wierklech existéiert huet. Ma op der Insel fënnt een un all Eck Statue vum Homer oder vum Odysseus, an och am Hafe fënnt een eng sëllegen Erënnerungen un d'literaresch Gesicht vun der Insel - Booter heeschen "Telemachus" oder och nach "Calypso".

An och d'Souvenirshops kennen d'Nofro vun den Touristen an hunn deementspriechend Büste vum Homer, oder och nach vum Odysseus senger Fra Penelope am Verkaf. Op T-Shirten ass den Zyklop Polyphemus ze gesinn, an och Wand-Tellere mam Trojanesche Päerd drop fënnt een hei.

Och den Archeolog Spyros Couvaras erwaart sech datt d'Zuel vun den Touriste klëmmt. An et wier kloer, datt si méi sichen, wéi just Sand a Sonn - si siche Gesicht a Mythologie. Vun all deem huet d'Insel genuch ze bidden.

Net wäit fort vun de Geschäfter an de Restaurante vum Hafe strecken d'Touristen sech op der Dexia Plage aus. Der Legend no war et hei, datt den Odysseus no jorelaanger Rees endlech Heemkoum. De Couvaras seet, datt dem Nolan säi Film ouni Zweiwel dat ass, wat d'Leit elo nees unzitt. "Mee hannert dem Nolan sengem Film steet den Homer", seet hien.

Back to Top
CIM LOGO