Deiere SnackIwwer 1.800 Euro Strof wéinst McMuffin-Schmuggel an Australien

RTL Lëtzebuerg
E Mann aus Indonesien muss fir e Rees-Snack, deen hien an Australien matbruecht hat, ëmgerechent iwwer 1.800 Euro Strof bezuelen.
© AFP

Dee Betrag muss de Mann dem australesche Staat bezuelen als Strof, well e Spierhond vun der Douane um Fluchhafe vun Darwin bei enger Kontroll beim Rucksak vun engem Mann nawell nervös gi war. Net well Drogen dra verstoppt waren, mä well den Hond zwee McMuffin-Burgeren an e Croissant mat Ham vun der Fastfood-Chaîne McDonald’s erschnoffelt hat.

“Dat wäert wuel dat deierst McDonald’s-Iesse vu sengem Liewe sinn”, sou den australesche Landwirtschaftsministère Murray Watt e Méindeg. D’Strof an Héicht vun 2.664 australeschen Dollar entsprécht dem Präis vun 567 McMuffin-Burgeren zu Sydney oder e puer Fluchtickete bis op déi indonesesch Insel Bali.

Hannergrond vun der säfteger Strof sinn déi grondsätzlech streng Gesetzer zur Biosécherheet an Australien, déi d’Landwirtschaft am Land virun ageschleefte Schädlingen oder Krankheete schütze soll. Déi zoustänneg australesch Autoritéite sinn no engem Ausbroch vun der sougenannter “Maul-a-Klauen-Seuche” an Indonesien bei Leit, déi aus deem Land areesen, an héijer Alarmbereetschaft. De Virus ass fir Mënschen net geféierlech, awer ënner Notzdéieren héich ustiechend mat schroe Suitten.

Back to Top
CIM LOGO