
Méi wéi 2.000 gefälschte Luxusaueren aus China goufe saiséiert. Dës sollte vun Hongkong erfort via Frankfurt an Nordmazedonien geflu ginn.
Wann et original Auere gewiescht wären, hätte se e Wäert vu ronn 170 Milliounen Euro gehat.
D’Fälschunge goufen zerstéiert.
Datt Plagiater entdeckt ginn, ass zu Frankfurt keng Raritéit. Zejoert goufen an deem Domän knapp 9.000 Prozedure lancéiert.