
Ausgeléist gouf de Groussasaz zu Oberkotzau a Franken. E Spriecher vun der Police zu Selb huet en Dënschdeg matgedeelt, dass e Méindeg den Owend en Zuch aus der Regioun, mat ronn 80 Passagéier u Bord, huet missen evakuéiert ginn.
Geschitt ass dat Ganzt op der Verbindung tëscht Nürnberg an Hof. De Mann aus dem Irak, deen zu München lieft, hat am Zuch no Hëllef gesicht an eng Fra ugeschwat. Virdrun hat hien op sengem Handy, mat arabesche Schrëftzeechen en Text aginn, fir op enger App eng Iwwersetzung ze kréien.
Wéi d’Fra déi däitsch Iwwersetzung gewise krut, stoung do, dass den Zuch géif explodéieren. D’Fra huet wuel dunn a Panik den Noutruff am Zuch alarméiert, deen dann d’Police verstännegt huet a sou e komplette Stopp vum Zuch an der Gare ausgeléist gouf. D’Leit hu missen den Zuch verloossen, e Sprengstoff-Hond huet d’Waggone missen alleguerte duerchsichen.
De 36 Joer ale Mann, deen näischt Béises virhat, koum, nodeems en ouni Widderstand festgeholl gouf, awer séier nees fräi gelooss. “Hie wousst guer net, wat mat ëm passéiert” esou e Spriecher vun der Police. Wéi d’Police de Mann verhéiert huet, war séier kloer, dass hien a sech just wësse wollt, wou den Zuch géif gedeelt ginn a wou en ëmsteige misst.
Wisou säi Smartphone esou e fatale Feeler bei der Iwwersetzung gemaach huet, ass bis ewell nach onkloer. Eng Erklärung wier, dass déi concernéiert Persoun wuel e méi seelene kurdeschen Dialekt schwätzt, wat e méigleche Grond fir de Feeler kéint gewiescht sinn. Et kann awer och sinn, dass de Mann sech einfach nëmme vertippt huet.
Den Alarm huet op alle Fall kuerzzäiteg fir Verspéidungen am Zuchverkéier gesuergt.