Gemeinsam Missioun annoncéiertJapaner wäert den éischten Net-Amerikaner um Mound sinn

RTL Lëtzebuerg
Den US-President Joe Biden an de japanesche Premier Fumio Kishida hunn e Mëttwoch eng gemeinsam Missioun op den Äerdtrabant annoncéiert.
© AFP/Archiv/Johannes EISELE

E japaneschen Astronaut soll deen éischten Net-Amerikaner sinn, dee jee e Fouss op de Mound setzt, wéi de Biden e Mëttwoch op enger Pressekonferenz zesumme mam japanesche Premier matgedeelt huet.

Wärend enger offizieller Visitt zu Washington hunn déi zwee Staatscheffen iwwert déi enk Relatiounen tëscht béide Länner geschwat, virun allem och wat d’Wëssenschaften an d’Educatioun ugeet. “Dës Verbindung reecht bis op de Mound, wou zwee japanesch Astronauten zukünfteg amerikanesch Missioune wäerte begleeden, a wou een den éischten Net-Amerikaner wäert ginn, dee jee um Mound lant.”

Mam Artemis-Programm vun der NASA sollen an den nächste Jore fir déi éischt Kéier zanter de 70er Joren nees Astronauten um Mound landen. D’NASA huet d’Zil, um Mound eng wëssenschaftlech Basis opzeriichten, vun där aus zukünfteg Missiounen op de Mars kéinte starten.

Bis ewell hate schonn 12 Astronauten d’Méiglechkeet, iwwert de Mound ze spadséieren. Déi éischt zwee Astronaute waren den Neil Armstrong an den Edwin “Buzz” Aldrin, déi 1969 u Bord vun der Apollo-Rakéit fir d’éischte Kéier um Mound gelant sinn.

Liest dozou och den Artikel iwwert déi rezent total Sonnendäischtert iwwer Mexiko, den USA a Kanada.

null

Back to Top
CIM LOGO