FotogalerieTotal Sonnendäischtert iwwer Mexiko, den USA a Kanada

RTL Lëtzebuerg
Eng 32 Millioune Leit wunnen am direkten Trajet vun der Sonnendäischtert, déi den 8. Abrëll queesch uechter d'USA an a Mexiko a Kanada ze gesi war.

Eng zousätzlech 150 Millioune Leit wunnen der Nasa no op manner wéi 320 Kilometer wäit fort. Wéineg iwwerraschend also, datt fir de Joerhonnertevent an den USA eng sëllegen Hoteller ausgebucht waren. D’Autoritéite hu viru staarkem Trafic gewarnt an eng jett Schoulen an den USA hunn annoncéiert, op dësem Méindeg hir Dieren zou ze loossen.

De mexikanesche President Andrés Manuel López Obrador hat souguer säin deegleche Meeting mat sengem Sécherheetscabinet op d’Küstestad Mazatlán verluecht, fir vun do aus d’Sonnendäischtert kënnen ze gesinn.

Vun enger totaler Sonnendäischtert schwätzt een, wann de Mound tëscht der Sonn an der Äerd duerchzitt an d’Sonn dobäi komplett verdeckt. De Spektakel wäert jeeweils awer just e puer Minutten daueren.

Ëm 18.38 Auer eiser Zäit hat sech den Himmel fir d’éischt iwwert dem Pazifik verdonkelen, ier de Schied vum Mound vun 20 Auer un den Norde vu Mexiko verdäischtert huet an duerno queesch iwwer 13 US-Bundesstaaten gezunn ass. Ganz zum Schluss gouf et dann nach am Südoste vu Kanada an op Neifundland däischter, ier d’Himmelsphänomen géint 23 Auer eiser Zäit op en Enn gaangen ass.

Aus Europa konnt een déi total Sonnendäischtert net gesinn. Deeler dovu konnt een eventuell bei guddem Wieder awer vu Portugal, Spuenien an Irland aus visibel gesinn.

D’Sträif, op där de Mound sech virun d’Sonn dréckt an esou den Himmel komplett verdäischtert, ass just ronn 197 Kilometer breet. Trotzdeem hu sech am Trajet direkt e puer Milliounemetropolen erëmfonnt: ënnert anerem zu Dallas, Indianapolis, Buffalo, Cleveland an un den Niagara Falls hat sech den Himmel verdäischtert.

Wéini ass et zu Lëtzebuerg nees esouwäit?

Déi lescht Sonnendäischtert an den USA war eréischt am Joer 2017 ze gesinn, déi nächst steet fir 2044 um Programm.

Wann een net wëll reesen, fir eng komplett Sonnendäischtert ze gesinn, muss een zu Lëtzebuerg awer nach e bësse Gedold hunn. Déi nächst total Sonnendäischtert an eise Breedegraden ass eréischt den 3. September 2081.

Fir déi nächst partiell Sonnendäischtert muss een zu Lëtzebuerg awer net ganz esou laang waarden. Den 12. August 2026 zitt eng komplett Sonnendäischtert iwwer den Norde vu Portugal a Spuenien. Dës wäert och deelweis aus dem Grand-Duché ze gesi sinn.

Wéi heefeg si Sonnendäischterten?

Alles an allem komme Sonnendäischterte weltwäit guer net emol esou seele vir. All ee bis zwee Joer gëtt d’Sonn eng Kéier komplett vum Mound verdeckt. Méi heefeg sinn awer nach partiell Sonnendäischterten: zwee bis fënnef Mol d’Joer ass esou ee Spektakel iergendzwousch op der Welt ze gesinn.

Vun enger bestëmmter Plaz op der Welt aus kann een am Schnëtt allerdéngs just all 375 Joer eng komplett Sonnendäischtert gesinn.

Fun Fact: Bei all Sonnendäischtert ass an de Wochen duerno oder an de Woche virdrun ëmmer och eng Mounddäischtert ze gesinn - dat dann awer op ville verschiddene Plazen uechter d’Welt.

Back to Top
CIM LOGO