"Mäi Wee" - Geschichten aus dem LiewenJhemp Ernzen: Iwwert de Sport vum Roudenhaff an de Ruanda  

Tim Hensgen
An der 7. Episod vu "Mäi Wee" gëtt et op de Roudenhaff an d'Géigend vun Iechternach.
"Mäi Wee"- Geschichten aus dem Liewen: Jhemp Ernzen
An der 7. Episod gëtt et op de Roudenhaff an d’Géigend vun Iechternach, mä och bis an de Ruanda.

De Jhemp Ernzen ass an de 60er a 70er Jore mat sengen Elteren an zwou Schwësteren um Roudenhaff bei Iechternach grouss ginn. D’Liewe war haart an ustrengend, mee de Jhemp huet sech net gescheit, all Dag tëschent 5 an 10 Kilometer an d’Schoul oder op den Training ze lafen.

Den Haff huet schlussendlech seng Schwëster an elo seng Niess Julie iwwerholl a weider ausgebaut. De Jhemp huet aus senger Passioun säi Beruff gemaach an ass Sportsproff ginn. Hien huet säi Liewen dem Sport verschriwwen, huet zu Lëtzebuerg vill beweegt an organiséiert. Hien huet donieft och dräi Joer am Ruanda gelieft.

En ongewéinleche Liewenswee vun engem Mënsch, deen en Nee net akzeptéiere kann.

Back to Top
CIM LOGO