Trageschen Tëschefall a FrankräichJong vun 3 Joer wëll Kaz fänken a fält aus dem 10. Stack

RTL Lëtzebuerg
An engem Viruert vun der nordfranséischer Stad Lille ass e Bouf vun 3 Joer beim Versuch, seng Kaz ze fänken, aus dem 10. Stack gefall a gestuerwen.
© AFP/Archives/LOIC VENANCE

Wéi et vun de franséische Medien heescht, wollt de Bouf e Méindeg d’Déier, wat op der Fënsterbänk souz, fänken, wéi hien aus der Fënster gefall ass.

En Aenzeie wéi och de Rettungsdéngscht konnten de Jong net méi retten. D’Famill steet den Ament nach ënner Schock, hir soll eng aner Wunneng zougewise ginn.

Back to Top
CIM LOGO