Archeologie-CampJonker gruewen zu Giewel al galloréimesch Villa aus

Leonie Nestler
Zanter 35 Joer organiséiert d'asbl "D’George Kayser Altertumsfuerscher" Camp fir Archeologie.

Kanner a Jugendlecher ginn zu Archeologen. Wärend e puer Deeg am August kënne Kanner um Camp schlofen, iessen a gruewen.

Jonker gruewen zu Giewel al galloréimesch Villa aus
Zanter 35 Joer organiséiert d'asbl "D’George Kayser Altertumsfuerscher" Camp fir Archeologie.

D'Kanner an déi Jugendlech gruewen zu Giewel zesummen eng galloréimesch Villa aus. Dobäi handelt et sech ëm en Härenhaus a Wirtschaftsgebaier, déi tëscht dem éischten a véierte Joerhonnert a Gebrauch waren, sou de Präsident vun der asbl Jacques Bonifas.

"Eis Jugend ass hei amgaangen, déi Grief weider auszegruewen. Virdrun an ëstlech a westlech hu mir d'Grief scho fräigeluecht. Elo geet et hei nach drëms ,nërdlech déi dräi Grief ze fannen an ze kucken, wéi wäit dass déi ginn."

D'Zil vun dësem archeologesche Lager ass et, de Kanner d'Geschicht méi nozebréngen. Gläichzäiteg soll des Erfarung Jonker motivéieren, sech och spéider nach mat Archeologie ze beschäftegen. Net nëmmen d'Fonge selwer, mee och d'Zesummeliewen am Lager begeeschtert d'Kanner.

"Also mir ware grad op engem Feld do ënnen an do gruewe mer grad eng Schank aus a mir mengen, et ass eng Schank vun enger Kou, den Uewerschenkel. Mä mir mussen nach e bëssen dru schaffen,well se nach net ganz raus ass", esou ee Kand, dat mer befrot hunn.

"Also ech fannen et cool, well mer ëmmer all esou beienee sinn a mer spillen och ëmmer all zesummen op de Griewer an och d'Ausgruewen ass cool, well mer ëmmer nei Saache fannen", esou an anere Jugend-Archeolog.

"Also ech fannen et hei ganz cool, och well ee vill Frënn fënnt an een ëmmer kann zesummeschaffen", war nach eng positiv Stëmm.

Fir en anert Kand ass d'Zesummenaarbecht enorm wichteg. "Et huet mer gefall well mer hei méi am Team schaffe wéi ëmmer eleng."

Net nëmme Kanner a Jugendlecher kënne bei den Ausgruewungen am Kader vum Camp matmaachen. Och Studenten an auslännesch Associatioune si reegelméisseg dobäi. Eng ganz Rei Géigestänn sinn hei scho fonnt ginn, esou d'Sekretärin vun der hollännescher Associatioun A.V. Philips van Horne José Salhi.

"Cette année on est sur un niveau dans le bâtiment ou on trouve des potteries. On a trouvé un petit pot entier. C’est très drôle, normalement on trouve des tessons, maintenant on a trouvé un entier. On a trouvé des places de feu."

Nieft den Ausgruewunge stinn och e Rallye an en Ausfluch um Programm. Véier Deeg laang erliewen d'Kanner a Jugendlecher esou Geschicht op eng aner Aart a Weis.

Back to Top
CIM LOGO