DäitschlandJugendlecher vertrauen de Medien net

RTL Lëtzebuerg
Enger Etüd vun der Universitéit Bielefeld no géif d'Vertraue bei de Jugendlechen an d'Medie souwéi an déi ëffentlech Institutiounen ëmmer méi kleng ginn.
© AFP/Archiv/JENS SCHLUETER

Esou vertraue ronn 76 Prozent vun den däitsche Jugendleche den Zeitungen an 72 Prozent de Journalisten net. 38 Prozent vun den Teenager sinn der Meenung, datt d’Medie verschidden Informatiounen express net verëffentleche géifen, fir d’Gesellschaft ze manipuléieren. 32 Prozent vun de Jonke sinn der Meenung, datt d’Journaliste just hir eege Meenung verbreede géifen.

Och d’Confiance an déi ëffentlech Institutioune gëtt ëmmer méi kleng. Nëmme 54 Prozent vun de jonken Eruwuessende vertrauen der Bundesregierung souwéi de Vereenegten Natiounen. Der Wëssenschaft an der Police vertrauen dogéint 76 an 80 Prozent.

Doriwwer eraus hätt een an der Etüd rausfonnt, datt ronn een Drëttel vun all de Jugendlechen, déi sech iwwert déi sozial Medien informéieren, ufälleg fir Verschwierungstheorie sinn. Bei deenen, déi op déi ëffentlech-rechtlech Medien zréckgräifen, sinn et der nëmme 5 Prozent.

Dem Chef vun der Etüd Holger Ziegler no missten dës Resultater de Mënschen ze denke ginn. Déi Jugendlech géifen deemno de Glawen un d’Gesellschaft verléieren.

Back to Top
CIM LOGO