Inscriptiounen elo opKainy Zhan séchert sech mat "Wild Card" Plaz an zweeter Staffel

RTL Lëtzebuerg
Nom grousse Succès vun der éischter Staffel vun "Take Off" kann ee sech elo scho fir de Pre-Casting vun der zweeter Staffel umellen.
Inscriptiounen fir déi 2. Staffel "Take Off" elo op
Nom grousse Succès vun der éischter Staffel vun “Take Off” kann ee sech elo scho fir de Pre-Casting vun der zweeter Staffel umellen.

D’Science-Challenge-Show geet also an déi nächste Ronn an duerfir ginn elo nees Kandidate gesicht. Speziell sinn dat dëst Joer Jonker tëscht 15 an 21 Joer.
Déi éischt Staffel vun “Take Off” kënnt Dir Iech hei nach emol ukucken.

Eng Kandidatin steet scho fest. D’Schülerin Kainy Zhan huet eng “Wild Card” gewonnen an ass déi e Freideg an d’RTL City op de Kierchbierg siche komm. Hatt hat beim Social-Media-Quiz vun takeoffshow.lu matgemaach. Do huet ee missen erausfannen, wou de Joseph säi “PeePee Boy” verstoppt hat, e witzege Gimmick, mat deem een d’Temperatur vu Waasser kann erausfannen.

D’Kainy huet d’Rätsel am séierste geléist a muss elo net duerch de Pre-Casting, mee kënnt direkt an déi éischt Show. Gefilmt gëtt déi éischt Sendung den 2. an 3. Juli. An dat op enger ganz besonnescher, aktuell awer nach geheimer Plaz zu Lëtzebuerg.

Wann ee bei der zweeter Staffel vun “Take Off” dobäi wëll sinn, kann ee sech elo fir de Pre-Casting umellen. All d’Informatiounen dozou fënnt een op takeoffshow.lu.

Back to Top
CIM LOGO