Kee muss Alexa oder Siri heeschenKand, dat wéi Sproochassistent heescht, dierf Numm änneren

RTL Lëtzebuerg
E Meedchen aus Däitschland gouf gemobbt, well et esou heescht wéi e bekannte Sproochassistent. Elo hunn d'Riichter him erlaabt, säi Virnumm ze änneren.
© AFP/File/Grant HINDSLEY

Wie wéi déi bekannt digital Sproochassistenten “Siri” oder “Alexa” heescht, huet dem Verwaltungsgeriicht Göttingen wéinst der séilescher Belaaschtung d’Recht, de Virnumm ze änneren. Virdrun hat d’Verwaltung vun der Stad d’Demande vun der Famill refuséiert.

D’Eltere vum Meedchen am Spillschoulsalter hate sëllege Virfäll vu Mobbing beschriwwen, wéi zum Beispill wann aner Mënschen dem Kand “Uerderen” gi wéi bei engem Sproochassistent. Esou soll d’Kand elo säi Virnumm mat engem zweeten Numm ergänze kënnen.

D’Argument vun der Verwaltung wier dem Geriicht no, datt d’Belaaschtung net duerch eng Expertis vun engem Dokter oder engem Psycholog nogewise wier. Fir d’Riichter war de Wonsch vum Meedchen no enger Ännerung vum Numm awer méi wichteg wéi den ëffentlechen Interessi dorun, datt den Numm soll d’selwecht bleiwen. Wéinst dem jonken Alter kéint d’Kand net géint d’Belaaschtungen ukommen.

Deemno misst eng séilesch Belaaschtung net onbedéngt den Niveau vun enger Krankheet erreechen, déi behandelt muss ginn, mä se misst verständlech a begrënnt sinn, heescht et vum Geriicht. Doriwwer eraus wier den Numm vum Sproochassistent immens bekannt an net just en Numm vun engem Produit. Mä een, deen dofir geduecht ass, Uerderen ze ginn, wouduerch d’Leit fërmlech dozou verleet géinge ginn, Mënsche mat deenen Nimm ze belästegen.

Nach ass d’Decisioun, déi am Juni geholl gouf, awer nach net rechtskräfteg.

Back to Top
CIM LOGO