Hätt Dir dat gewosst?Kann een de Reebou upaken?

RTL Lëtzebuerg
E Reebou ass eppes, wat Grouss a Kleng begeeschtere kann. Den Ufank a Schluss vum faarwege Bou ze fannen oder dëse souguer unzepaken, ass net esou einfach.

Net esou einfach, ass hei souguer staark ënnerdriwwen. Et ass nämlech onméiglech e Reebou unzepaken oder den Ufank an de Schluss dovun ze fannen. De Reebou ass nämlech en optescht Liichtphänomeen a keen Objet, deen een upake kann.

De Reebou trëtt och net op enger bestëmmter Plaz op, mee hänkt vun der Siicht vum Betruechter of. Dat heescht esou vill wéi: Et hänkt dovun of wou ee steet, ob een de Reebou iwwerhaapt gesäit oder net. Et muss een d’Sonn hannert sech hunn an d’Reeschauer viru sech hunn. Dann gëtt d’Luucht an de Waasserdrëpsen nämlech esou gebrach, dass et reflektéiert a mir gesinn dat optesch Phänomeen.

De Reebou huet och ëmmer déi selwecht Faarwen an ëmmer an der selwechter Reiefolge: rout, orange, giel, gréng, hellblo, donkelblo a mof.

Wien dann op d’Dëppe voller Gold um Enn vum Reebou gehofft huet, dee musse mir heimat leider enttäuschen. Doduerch, dass mir op enger bestëmmter Positioun stoe mussen, fir e Reebou ze gesinn, kann een och den Ufank an de Schluss vun engem Reebou net ausmaachen.

____________________________________________________

An eisem neie Format “Hätt Dir dat gewosst?” beäntwere mir allméiglech Zort vu Froen, déi ëmmer rëm opkommen oder déi een sech einfach mol am Alldag stellt.

Dir huet eng Fro, da schéckt eis se hei eran.

Back to Top
CIM LOGO