
D’Bouwen aus den USA hunn 2022 d’Iwwerreschter vun engem Tyrannosaurus Rex an der Wüüst vun North Dakota fonnt. Dëst gouf elo réischt vu Wëssenschaftler an Dokumentarfilmer, déi d’spektakulär Decouverte verfilmen, offiziell bekannt ginn. “Et ass déi Aart vu Geschicht, vun där all Dokumentarfilmer dreemt”, sou de Realisateur David Clark.
D’Geschicht, déi elo wéi gesot verfilmt gouf, huet domat ugefaangen, dass d’Bridder Liam an Jessin Fisher, deemools 7 an 10 Joer, am Juli virun 2 Joer zesumme mat hirem Cousin Kaiden Madson, deemools 9 Joer, am Hell Creek an de sougenannte Badlands vun North Dakota ënnerwee waren. D’Wüüst aus Steng ass bei Dinosaurier-Fans wéinst senger grousser Unzuel u Fossilien immens beléift. Do hunn déi 3 Jongen d’Schank vun engem Been entdeckt. Hire Pap hätt deemools gefrot, wat et wier an de Jessin wousst direkt: “Dat ass d’Schank vun engem Dinosaurier.”
Déi kleng Dino-Fans hunn effektiv eng Foto vun der Schank un e Kolleeg vun der Famill geschéckt, un de Paleontolog Tyler Lyson, deen am Denver Naturmusée schafft.
Dono goung et Schlag op Schlag...
De Lyson ass zesumme mat engem Grupp Experten op d’Plaz gefuer an hunn do direkt e puer Fossilie fonnt. Si hätten zum Beispill en Zant propper gemaach an do réischt festgestallt, wéi eng Dimensioun dëse Fossil hätt. “Ech kréien haut nach Héngerhaut, wann ech drun denken”, sou de Paleontolog.
D’Fuerscher hu rausfonnt, dass d’Schanke vun engem jugendlechen T-Rex ofstamen, dee viru 67 Millioune Jore verstuerwe war. Dës Exemplairë wieren “extrem seelen”. Déi 3 Bouwen hunn dat natierlech “zimmlech cool” fonnt a kënne kaum gleewen, dass si dat “einfach esou” entdeckt hunn.
D’Fossilie koumen no der Ausgruewung an de Musée op Denver, wou si zanterhier gesënnert a preparéiert ginn. D’Experte schätzen, dass den entdeckten Tyrannosaurus 13 bis 15 Joer al an iwwer 1.600 Kilo schwéier war. Vun der Nues bis zur Schwanzspëtzt hat hien eng Längt vu 7,6 Meter a war iwwer 3 Meter grouss.
Den Dokumentarfilm soll iwwregens am Summer an d’US-Kinoe kommen.
De Liam an de Kaiden hu wëlles weider als Hobby-Paleontologen an de Badlands no Fossilien ze sichen, de Jessin wëll d’Sich no Dinosaurier zu sengem beruff maachen. “Dat war schonn ëmmer mäin Dram”, sou de Jugendlechen haut. Säi Rot un aner Jugendlecher, déi op esou besonnesch Decouverten hoffen: “Maacht är elektronesch Apparater aus a gitt nees eraus wanderen.”