Net déi richteg SéissegkeetenKanner aus Kalifornien a Spidol, well si "Cannabis-Séissegkeeten" giess hunn

RTL Lëtzebuerg
E Jong aus engem drëtte Schouljoer hat Séissegkeete fir sech a seng Kolleege mat an d'Schoul bruecht. Dës waren awer net kannergerecht.

Gummis-Kamellen, esou wéi Gummibärecher oder Winegums, op Basis vu Cannabis, hat d’Kand mat an d’Schoul geholl a mat véier Kolleegen an der Paus gedeelt. D’Kand wosst awer net, datt dës Séissegkeeten op Basis vu Marihuana wieren, huet et vun den Autoritéiten an der Schoul dono geheescht.

Dräi vun de Kanner hu misste vun Doktere behandelt ginn, well si Indicen op eng Vergëftung haten. Si wieren awer kuerz no der Behandlung aus dem Spidol erauskomm. Wéi d’Kanner éischt Symptomer haten, gouf de Klassesall evakuéiert, well ee vun enger Kuelemonoxidvergëftung ausgaangen ass. Wéi et vun der Direktesch vun der Schoul an der Gemeng Bayside geheescht huet, wier dëst “e Virfall, deen Angscht mécht, fir eis komplett Schoul” gewiescht.

Elo ermëttelt d’Police. Vun enger Policespriecherin heescht et, datt Elteren, déi Cannabisproduiten doheem hunn, grad, wann dës wéi Séissegkeeten ausgesinn, déi op enger sécherer Plaz solle verstoppen.

De Konsum a Besëtz vu Cannabis a Cannabisproduiten ass a Kalifornien zanter 2018 legal, och fir Fräizäitzwecker. Fir de medezineschen Zweck dierf een et esouguer schonn zanter 1996 notzen.

Back to Top
CIM LOGO