Däitsch EtüdKanner vu méi eelere Mamme si besser an der Mathé a sozial méi kompetent

RTL Lëtzebuerg
D'Bundesinstitut fir Bevëlkerungsfuerschung (BIB) huet an der Etüd den Zesummenhang bei der Entwécklung vum Kand ënnersicht, wann eng Fra spéit Mamm gëtt.
© Envato Symbolbild

Waren d’Mamme méi jonk wéi 30 Joer, hunn d’Kanner gréisstendeels just duerchschnëttlech Testresultater an der Mathé erreecht. D’Kanner vu Mammen, déi bei der Gebuert op d’mannst 30 Joer al waren, sinn deemno besser an der Mathé an hunn allgemeng duerchschnëttlech bis méi héich Kompetenzen. Änlech ass et beim sozial-emotionale Verhale vun de Kanner, och wann do d’Ënnerscheeder méi schwaach sinn.

“D’Resultater weisen, dass sech Kanner däitlech besser entwéckelen, wann hir Mamm bei der Gebuert keen Twen oder souguer Teenager ass”, sou den Auteur ronderëm d’Etüd, de Mathias Huebener vum BIB. D’Matautorin Susanne Schmid vun der Universitéit Oldenburg huet nach op den Zesummenhang tëscht der Fërderung vu Kanner an de finanzielle Moyene higewisen. Am Wesentleche géif d’Entwécklung vu Kanner vun hirem Léierëmfeld ofhänken, déi si an den éischte Liewensjoren am Elterenhaus erliewen, heescht et weider.

Als méiglech Grënn hunn d’Fuerscher e puer Erklärungsusätz. Gëtt eng Fra fréi Mamm huet si dacks méi en nidderege Bildungsofschloss an doduerch och méi e klengt Akommes. Kréie Mammen hiert Kand méi spéit, konnte si virdrun hiren Ofschloss erreechen an och Beruffserfarung sammelen. Akommes, Bildungsniveau an de Partnerschaftsstatus wiere wichteg Viraussetzunge fir d’Entwécklung vum Kand.

E weidere Facteur ass d’Erzéiungsverhale vun der Mamm, zum Beispill bei gemeinsamen Aktivitéite mam Kand. Dobäi spillt och d’Wuelbefanne vun der Mamm an d’Gesondheetsverhale wärend der Schwangerschaft eng Roll.

D’Fuerscher ginn ze bedenken, dass d’Etüd domat net e Verréckelen no hanne vum Kannerwonsch bei der Fra ervirruffe sollt. Schwangerschaften nom 36. Liewensjoer bréngen dacks méi e gesondheetleche Risiko fir d’Mamm an d’Kand mat sech. Vill méi weisen d’Resultater vun der Etüd, dass d’Konditioune fir jonk Fraen nohalteg sollte verbessert ginn. Dozou gehéieren zum Beispill ëffentlech finanzéiert Betreiungsoffere fir d’Kanner, déi jonke Mammen erméiglechen, eng Ausbildung oder Studien ofzeschléissen.

An de leschten 30 Joer si Frae bei der Gebuert vun hirem éischte Kand ëmmer méi al ginn. Waren et 1990 am Schnatt nach 24,5 Joer, sinn et 2022 schonn 30,8 Joer gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO