"Yeezy come, Yeezy go"Kanye-West-Tattooe kënne gratis ewechgelasert ginn

RTL Lëtzebuerg
No de rezenten Aussoe vum Kanye West, ginn et ëmmer méi Leit, déi näischt méi mam "Ye" ze di wëllen hunn. Huet een en Tattoo, gëtt et Hoffnung.
© Naama Studios

Naama Studios vu London hunn elo ugebueden, dass Leit, déi en Tattoo vum Kanye West wëllen ewechlasere loossen, dat gratis bei hinne kënne maache loossen. Si hunn dat via Instagram matgedeelt mam Sproch “Yeezy come, Yeezy go”.

De CEO vun Naama Studios sot an engem Interview, et géif weltwäit Interessi un der Offer ginn. 3 Clienten hu scho mat der Laser-Prozedur ugefaangen, 10 weider Clienten hunn e Rendez-vous an den nächste Wochen.

Sou eng Prozedur kascht normalerweis ronn 2.400 Pond.

Back to Top
CIM LOGO