
Scho méi laang ginn et Rumeuren, dass den US-Rapper Ye, bekannt als Kanye West, Optrëtter a Russland plangt. Elo huet de Museker tatsächlech zwee Concerten zu St. Petersburg annoncéiert, wéi d'Moscow Times gemellt huet. Dëst ass nawell ëmstridden. Zanter dem russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain am Februar 2022 hu westlech Kënschtler Optrëtter a Russland evitéiert. Et passt awer gutt an d'Bild vum Skandal-Museker.
Den US-Rapper ass an de leschte Joren ënner anerem wéinst antisemitteschen Aussoen opgefall. An deem Kontext goufen dann och sëllege Concerten an Europa ofgesot. Ma et ass gutt virstellbar, dass hien ebe grad a Russland mat méi oppenen Äerm empfaange gëtt. Souguer en Treffen tëscht dem Museker an dem Kremlchef Wladimir Putin wier méiglech, sot déi russesch Deputéiert Swetlana Schurowa. De Kanye West soll op alle Fall vun esou engem Treffen "dreemen", wéi d'Organisateure wësse gedoen hunn.
Geplangt sinn d'Concerten am Putin senger Heemechtsstad den 10. an 11. Oktober an der Gazprom-Arena. Bis zu 80.000 Leit hunn do Plaz. Béid Concerte sollen ausverkaaft sinn, souguer déi méi deier VIP-Tickets fir ëmgerechent ronn 1.600 Euro wiere fort.