Zeeche fir den DéiereschutzKing Charles III. verbitt Foie Gras an de kinnekleche Residenzen

RTL Lëtzebuerg
A Groussbritannien ass d'Produktioun vu Foie Gras verbueden. Déi fett Liewer vun de Gänsen däerf awer importéiert a verkaf ginn.
Eng Foie-Gras-Farm an den USA.
Eng Foie-Gras-Farm an den USA.
© AFP

Et ass en Zeeche fir den Déiereschutz. De King Charles III. huet de Verbuet vu Foie Gras an de kinnekleche Residenzen confirméiert. Dat huet d’Déiereschutzorganisatioun Peta zu London matgedeelt.

Als Merci krut de Kinnek vun den Déiereschützer eng Corbeille mat veganer Foie Gras geschenkt.

D’Cheffin vu Peta a Groussbritannien huet den Appell gemaach, et dem gudde Beispill vum King Charles nozemaachen, an och fir Chrëschtdag op deen ëmstriddene Produit ze verzichten.

Den neie Kinnek ass bekannt dofir, sech fir d’Ëmwelt anzesetzen, an hie gëllt scho méi laang als Géigner vu Foie Gras.

Back to Top
CIM LOGO