SchoulgaartKölner Kand fënnt beim Spille 15.000 Euro

RTL Lëtzebuerg
An engem Beet, dat am Gaart vu senger Schoul steet, huet e Kand 15.000 Euro fonnt.
E Symbolbild vu 50 an 100 Euroschäiner.
E Symbolbild vu 50 an 100 Euroschäiner.
© AFP (Archiv)

E ganze Pak 50 Euro-Schäiner huet d’Kand an engem Blummebeet fonnt. Si waren doranner verbuddelt, deelt d’Police mat. D’Directrice vun der Schoul huet dowéinst d’Police alarméiert. Wou d’Suen hierkommen a wiem se gehéieren, ass nach net kloer. “Et gesäit net esou aus, als hätt ee se do verluer”, heescht et awer vun offizieller Säit.

Well een awer net zu honnert Prozent dovu kann ausgoen, datt d’Sue eppes mat Kriminalitéit ze dinn hunn, huet d’Police de Pak Schäiner un de Fundbüro weiderginn. Wat awer domadder passéiert, wa sech de Besëtzer net mellt, konnt een net soen.

Back to Top
CIM LOGO