
Wéinst de verstäerkten Hëtztwelle stierwen d’Fächerkorallen am Mëttelmier. D’Ausmooss huet d’Taucher op der Plaz schockéiert, heescht et vum Nationalpark Calanques. “Fächerkoralle wuessen nëmme lues, se reagéiere besonnesch empfindlech op de Klimawandel”, sou d’Pauline Vouriot, Zoustänneg fir d’Aartevilfalt am Nationalpark.
Dëse Summer louchen d’Waassertemperaturen an enger Déift vun 30 Meter bei Temperature vu bis zu 28 Grad. Alles deit drop hin, dass d’Äerderwiermung an déi domat zesummenhänkend Erwiermung vum Waasser d’Tolerenzschwell vun de betraffene Korallen iwwerschreit, wat dozou féiert, dass si stierwen, heescht et vum Nationalpark.
Déi meescht Fächerkoralle fënnt een an enger Déift vu 7 bis 110 Meter. Si bidde Liewensraum fir 15-20 Prozent vun allen Déieren, déi am Mëttelmier liewen.