
Si hunn um Airport München d’Start - an d’Landebunn blockéiert, esou datt de Bedreiwer dës huet misste spären. Dowéinst wäert et zu gréissere Verspéidungen oder Annulatioune kommen, wann een op München oder vu München aus fortfléie wëll. Engem Spriecher no hu sech d’Aktivisten op den Tarmac gepecht. Ma dës Aktioun war just vu kuerzer Dauer, nach am Laf vum Moie koum d’Confirmatioun vum Airport, datt een nees normal géif funktionéieren.
Domadder hate si och e gréissere Policeasaz ausgeléist, dozou ginn et aktuell awer nach keng Detailer. D’Aktivisten hunn awer och ausgesot, datt si d’Police am Virfeld iwwer hir Aktioun informéiert hätten.