Den David Goldrake an den USA"Las Vegas war vu Klengem u mäin Dram"

Christophe Hochard
Am November kënnt den Illusionist op Lëtzebuerg. Hie mécht sech nawell Gedanken iwwert d'Zukunft...
© RTL Archiv

De Lëtzebuerger Illusionist David Goldrake ass mam Merlin Award als "Magician of the Year 2026" ausgezeechent ginn. De Präis gëtt vun der International Magicians Society verginn a gëllt als eng vun de bekanntsten Auszeechnungen an der Welt vun der Zauberkonscht. No 2015 ass dëst eng zweet grouss Unerkennung fir de Lëtzebuerger.

Interview mam David Goldrake
Nom Präis vun 2015 en zweete Präis fir de Lëtzebuerger Illusionist.

Aktuell ass den David Goldrake zu Las Vegas am Asaz. Am Theater "The Magicians Room" trëtt hien op. "Déi lescht puer Wochen hate mir och eng Réi Lëtzebuerger, déi kucke komm sinn. Dat war immens sympathesch. Do si mir fënnef Deeg d'Woch. Mir hunn eng Show opgebaut, déi op eng méi kleng Bün passt. Do hu mir 75 Minutten Illusioune mat Bünenzauberkonscht verbonnen". An dësem Theater ass Plaz fir 250 Leit. "Hei ass et e bëssi méi perséinlech. Et erlaabt mir, den direkte Kontakt mat de Leit ze hunn".

Vill Zäit geet och ëmmer an d'Preparatioun an an d'Ëmsetze vun neie Showen drop. "Déi Show vu Vegas, déi ech zanter November 2025 hei virfeieren, hunn ech am Februar 2025 en Uruff kritt. Ech hat do vu Mäerz bis November Virlaf fir dës Show virzebereeden". "Et ginn nei Museken erausgesicht, d'Mise en Scène gëtt adaptéiert, Kostümer asw". Tëscht 6 Méint bis een, zwee Joer daueren esou Preparatiounen. Den David Goldrake huet en neie potentielle Kontrakt, deen am Dezember dëst Joer respektiv Januar 2027 nees ufänkt. Hei gëtt un engem neie Programm geschafft.

Am November kënnt den Illusionist op Lëtzebuerg. Gedanke mécht hie sech awer och iwwert d'Zukunft. Déi néi Technologien ewéi déi kënstlech Intelligenz sinn hei Stéchwierder.

David Goldrake am Gespréich mam Christophe Hochard
Nei Technologien ewéi dei könschtlech Intelligenz an de Programm mat abannen.

"Las Vegas war vu Klengem u mäin Dram" 

Fir de Lëtzebuerger Illusionist war Las Vegas nach éischter en Zil ewéi en Dram. "Mäin Zil war et ëmmer, eng Show hei ze hunn. Mäin Zil war et ëmmer, ee bis zwee Joer zu Vegas ze sinn an da weider ze Touren iwwert d'ganz Welt. Et ass flott, wann s du deng Show hues, du bass etabléiert, du hues en Numm. A wann s du dann och nach kanns parallel reesen, dann ass dat super", sou den David Goldrake weider. "Ech si ganz glécklech doriwwer. Ech ka reegelméisseg op Lëtzebuerg respektiv an Europa kommen. Ech hu vill dofir geschafft. Mee et ass genee sou wéi et soll sinn".

RTL Interview mam Lëtzebuerger Illusionist
Zukunftspläng vum David Goldrake

Back to Top
CIM LOGO