
Ëmmer méi Awunner vun der Stad kucken dauernd op hiren Handy: Kee Wonner also, datt sech kee méi fir déi al Mënztelefonen interesséiert. Ronn 8.000 Kabinne gouf et emol zu New York, ma elo ass et awer eriwwer domat. Wéi Bloomberg schreift, gouf e Méindeg déi lescht Telefonskabinn ofgebaut, déi an der Géigend vu Times Square, also matten zu Manhatten, war.
Op Biller ass ze gesinn, wéi de Kran déi oppe Kabinn opgelueden an oftransportéiert huet. Der New York Post no wier et effektiv nach eng Kabinn gewiescht, an déi een hätt misse Mënz ageheien. Fir Ersatz fir d’Telefonskabinnen, déi zanter 2015 no an no ofgebaut ginn, ass och scho gesuergt: Op de Plazen, wou d’Kabinne waren, gi sougenannt “LinksNYC"-Kioske gebaut, déi gratis WLAN offréieren, a wou een den Noutruff ruffe kann oder säin Handy opluede kann.
“D’Enn vun enger Ära”, huet de Bezierkspresident vu Manhatten op Twitter geschriwwen. Elo misst kee méi a senger Posch no Mënz sichen. “Ech wäert déi doudeg Wieltéin net vermëssen, ma ech muss awer soen, datt et mech nostalgesch mécht, se fortgoen ze gesinn.” De Lokalsender Fox 5 mellt, d’Telefone wieren duerchaus genotzt ginn, och wann et ëmmer manner Uriff gouf.
