SOS Villages d'enfants mondeLëtzebuerger Hëllef am Guinea

Pascal Becker
Guinea ass ongeféier 100 Mol méi grouss wéi Lëtzebuerg. Hir iwwer 14 Milliounen Awunner sinn awer och ongeféier 100 mol mi aarm wéi mir.
Lëtzebuerger Hëllef am Guinea
De Pascal Becker war fir RTL op der Plaz, fir ze kucken, wéi déi Lëtzebuerger Hëllef um Terrain ëmgesat gëtt.

Zanter 2008 ass SOS Villages d’enfants Monde am westafrikanesche Land mat diverse Programmer present, mam Wuel vun de Kanner als Haaptakzent.

An engem Land, wou d’Aarmut iwwerall ass, kann de Modell vun engem klassesche Kannerduerf nëmmen e klengen Deel vun der Äntwert sinn. Wann ee vulnerabele Familljen hëlleft, profitéieren dovun als alleréischt hir Kanner. D’Bedierfnisser si grouss. A fir déi Leit z’identifizéieren, déi Hëllef am néidegsten hunn, geet et net ouni lokal Netzwierker an Associatiounen.

De Pascal Becker war fir eis op der Plaz, fir ze kucken, wéi déi Lëtzebuerger Hëllef um Terrain ëmgesat gëtt.

Back to Top
CIM LOGO