Ee Beamte suspendéiertLondoner Police rammt ausgebéchst Kou mam Déngschtwon

RTL Lëtzebuerg
"Et huet esou ausgesinn, wéi wa si se ëmbrénge wollten": Mam Déngschtauto huet d'Police vu London eng ausgebéchst Kou ugestouss, fir d'Déier anzefänken.
© SWNS

Wann ee sech de Video vum Virfall ukuckt, ass et e Wonner, datt d’Beau Lucy, sou den Numm vun der Kou, iwwerlieft huet a sech schonn erëm erhëlt. E Freideg war déi 10 Méint al Kou ausgebéchst an duerch e Wunnquartier zu London gelaf, éier se vun engem Policeauto ugestouss gouf.

Um Video, deen international an a Groussbritannien bei Déiereschützer fir vill Opreegung suergt, ass ze gesinn, wéi déi ronn 200 Kilogramm schwéier Kou vun engem Policeauto gerammt an e puer Meter iwwer d’Strooss geschleidert gëtt. Wéi d’Déier erëm opsteet, rennen d’Beamten nach eng Kéier an d’Kou, déi doropshin ageklemmt ënnert dem Déngschtwon leie bleift. Wéi et vun de Besëtzer vum Beau Lucy heescht, hätt d’Kou awer keng schwéier Blessuren dovu gedroen.

“Wéi ee Monster rammt e Kallef?”

De britteschen Inneminister James Cleverly huet nom Virfall eng “ëmfaassend, dréngend Erklärung” gefuerdert. D’Virgoe vun de Beamte géing dem Cleverly “onnéideg haart” schéngen. “Ech ka mir kee verstännege Grond fir dës Aktioun virstellen.”

Fir d’Partnerin vum Bauer, deem d’Beau Lucy gehéiert, huet “et ausgesinn, wéi wa si se ëmbrénge wollten”, sot si dem Sender Sky News zu London. Och de Proprietär selwer fënnt, datt de Video “fir sech selwer schwätzt. Et war zimmlech entsetzlech”. D’Déiereschutzorganisatioun RSPCA huet d’Opnamen als “verstéierend a beonrouegend” bezeechent an och den Déiereschutzaktivist Chris Packham huet op X geschriwwen: “Wéi ee Monster rammt e Kallef?”

Polizist suspendéiert

D’Londoner Police huet ufanks hiert Virgoe verdeedegt. D’Kou wier e Freideg den Owend duerch d’Stroosse gerannt an et hätt ee gemellt kritt, datt een Auto beschiedegt gouf an d’Déier op Mënschen duergelaf wier. Nodeems ee Stonne probéiert hätt, d’Kou anzefänken, hätt een aus Suerg ëm d’ëffentlech Sécherheet decidéiert, d’Flucht mam Policeauto en Enn ze setzen.

Wéi de Guardian matdeelt hätt de Vize-Policechef Nev Kemp e Sonndeg dunn erkläert, datt hien “vollt Verständnes fir den Ierger, deen eist Virgoe verursaacht huet”, hätt an de Beamten, deen hannert dem Steier souz, “vum Déngscht suspendéiert ass, bis d’Resultat vun den Ermëttlunge géing virleien”.

Back to Top
CIM LOGO