De Landjugenddag gouf dëst Joer an der Gemeng Dippech organiséiert. Zu Sprénkeng hunn Honnerte vu jonke Leit gefeiert a virun allem gespillt.
D’Landjugend Süde war fir d’Organisatioun responsabel. Op engem Parcours vu ronn 8 Kilometer goufe 5 verschidden Ateliere proposéiert. Geschécklechkeetsspiller stoungen um Programm. Et goung ëm d’Vitess an ewéi all Joer war och dëst Joer erëm e Waasserspill dobäi. 200 Gruppen hunn deelgeholl.
D’nächst Joer organiséiert d’Landjugend Zenter dësen Dag. Zu Biereng bei Miersch gi sech dann déi Jonk a manner Jonk Rendez-vous.