
De Mann, deen an der Gemeng Marsaxlokk am Süde vu Malta am Asaz war, gouf elo wéinst zéng Joer laanger Geldwäsch a Verontreiung vu Spenden ugeklot. De Mann, deen der maltesescher Kierch no nëmmen 20.000 Euro am Joer verdéngt huet, soll méi wéi Honnertdausend Euro op private Konte gehat hunn. Doriwwer eraus hat hien nach fënnef Motorrieder, souwéi zwee Autoen an der Garage vu sengem Haus stoen.
De Paschtouer, dee vun der maltesescher Kierch direkt suspendéiert gouf, behaapt weiderhin, datt hie sech näischt zu Scholde komme gelooss hätt.