Ganzer 7 Minutten dauert d’Rees an et kann ee bis an eng Héicht vu 70 Meter eropfueren. Dobäi wäert dës Plaz och elo de Summer belieft bleiwen, well nach vill Evenementer do wäerten organiséiert ginn. De Philippe Dondelinger huet sech eropgetraut a mam Laurent Schwaller vun der Gemeng Lëtzebuerg iwwert de Skyliner an déi zukünfteg Rendez-vouse bei der Gëlle Fra geschwat.