
Wéi d’Bundespolizei mellt, wier de 46 Joer ale Mann mat engem Intercity vun Amsterdam op Berlin ënnerwee gewiescht, wéi den Zuch zu Bad Bentheim an Niedersachsen ugehalen huet. De Mann soll fir eng Fëmmpaus erausgeklomme sinn an hätt esou den Ament verpasst, wéi den Zuch seng Dieren nees zougemaach huet. Seng Saachen hat hien awer nach am Waggon leien, esou datt hie kuerzerhand decidéiert huet, op den Zuch opzesprangen.

Den Intercity huet acceleréiert a kuerz drop war de Mann bei ronn 140 km/h tëscht der Lokomotiv an dem éischte Waggon gefaangen.
Am Zuch wier zoufälleg eng Polizistin gewiescht, déi d’Situatioun matkrut an d’Zuchpersonal informéiert huet. No enger Schnellbremsung konnt de Mann aus senger mësslecher Situatioun befreit ginn. Mam Zuch ass et dunn nach bei bei d’Gare zu Rheine gaangen, ma do war dem 46 Joer ale Mann seng Rees dunn eriwwer: hie huet mat de Beamte vun der Bundespolizei musse matgoen. Géint de blanne Passagéier gëtt elo ermëttelt. Och den Zuchbetrib kéint nach Plainte géint de Mann maachen.