Rekord-Jackpot geknacktMann aus Frankräich gewënnt 213.000 Euro am Casino zu Munneref

RTL Lëtzebuerg
Am Casino 2000 koum et en Dënschdeg zu engem Rekord-Gewënn. 213.000 Euro goufe beim Spill "Zentaurus" gewonnen.
© Casino 2000

Wéi et an engem Schreiwes heescht, wier dës Zomm déi gréissten, déi jeemools am Casino zu Munneref gewonne gouf. Bis ewell louch de Rekord bei 201.340 Euro, dës goufe viru gutt zwee Méint, den 20. Juni gewonnen. Beim Gewënner soll et sech ëm e Mann aus Frankräich handelen.

Back to Top
CIM LOGO