HessenMann bäisst Policehond bei Kontroll

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police vun Darmstadt e Freideg matgedeelt huet, huet en 29 Joer ale Mann bei enger Policekontroll de Policehond gebass.
© AFP/Archiv/John MACDOUGALL

D’Police krut e Sträit tëscht zwee 29 Joer ale Männer an enger 35 Joer aler Fra gemellt. Allen dräi Persounen hu sech wärend der Kontroll extrem aggressiv verhalen, sou datt ee vun de Männer ënner Asaz vu kierperlecher Gewalt misst festgeholl ginn. Hien huet dobäi de Policehond gebass, deen allerdéngs keng Blessuren dovunner gedroen huet.

Ee vun de Poliziste gouf blesséiert, wéi d’Fra him bei der Festnam mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen huet, en anere Polizist gouf un der Hand blesséiert. Den Trio koum uschléissend an eng Ausniichterungszell. Wéinst hirem Widderstand goufe géint si Plainten deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO