Wunnengsnout zu ParäisMann bezilt 550 Euro Loyer fir 4,7m2 grouss Wunneng

RTL Lëtzebuerg
An der franséischer Haaptstad ginn eng Abberzuel Appartementer verlount, op déi d'Adjektiv kleng emol net zoutrëfft, ma éischter winzeg...

D’Stad Paräis wëll elo géint d’Locatioun vun enger 4,7 Quadratmeter grousser Wunneng virgoen, fir déi ee Serveur pro Mount 550 Euro bezilt. Dat mellt déi franséisch Zeitung “Le Parisien”. Wann den 42 Joer ale Mann op säin Héichbett wëll klammen, ass Akrobatik ugesot. Tëscht der Matrass an dem Plaffong sinn nämlech nëmme 50 Zentimeter Plaz. “Ech kommen nëmmen heihi fir ze schlofen, soss ass et depriméierend”, seet de Locataire.

Am Gesetz ass u sech virgeschriwwen, dass en Appartement e Wunnraum vun op d’mannst 9 Quadratmeter muss hunn an entweder eng Héicht vun 2,20 Meter oder e Volume vun 20 Kubikmeter. An dësem Fall hätten am Bail 24 Kubikmeter gestanen, wat awer duebel sou vill ass wéi a Wierklechkeet, schreift déi franséisch Zeitung.

De Mann, deen aus Algerien staamt, hat viru 4 Joer 300 Euro un eng Immobilienagence bezuelt. Hien a weider 6 Kandidaten hate sech fir dës Wunneng gemellt.

Dëse Fall illustréiert, wéi grouss d’Wunnengsnout zu Paräis ass, huet de Jean-Baptiste Eyraud, Porte-parole vum Veräin “Recht op Wunnen” (DAL), géintiwwer dem “Le Parisien” betount. Verschidde Leit géinge vun dëser Situatioun profitéieren an onméiglech Wunnengen ubidden. Wéi et vun engem Responsabel vun der Stad heescht, géingen et zu Paräis 58.000 sougenannten “chambres de bonne” ginn, déi manner wéi 8 Quadratmeter grouss sinn an zum Deel nach verlount ginn.

Back to Top
CIM LOGO