
Wéi d’Pompjeeë vun Dresden e Freideg matgedeelt hunn, war de Mann en Donneschdeg amgaangen, d’Anlag an där d’Keelen nees automatesch opgestallt ginn, ze botzen. Hien ass du mat sengem Aarm dra stieche bliwwen a konnt sech net méi aus eegener Kraaft befreien.
Am Ganze waren 18 Membere vum Rettungsdéngscht, souwéi och en Helikopter am Asaz.