Baden-Württemberg (D)Mann blesséiert Kanner mat Pefferspray beim Versuch, e Biber ze verdreiwen

RTL Lëtzebuerg
Well hie wollt e Biber fortjoen, huet en 78 Joer ale Mann mat engem Ofwierspray zwee Kanner blesséiert.
© AFP Archivbild

D’Déier war e Méindeg den Owend op sengem Grondstéck an der Gemeng Bad Säckingen opgedaucht. Grad wéi de Mann ma Spray drop lass gesprutzt huet, koumen zwee Kanner vu 6 an 8 Joer um Vëlo laanschtgefuer.

De Kanner hir Otemweeër waren dono gereizt an hir Aen hu gepickt. Si goufe vum Rettungsdéngscht op der Plaz versuergt a konnten dono nees Heem. Géint de Mann gëtt ermëttelt. De Biber war beim Antreffe vu der Police schonn a Richtung Rhein verschwonnen.

Back to Top
CIM LOGO