Asaz a Baden-Württemberg (D)Mann dréit duerch a kritt vu Police an d'Bee geschoss

RTL Lëtzebuerg
D’Beamten hu misse beim aggressive Verhale vun engem Fuerer agräifen, fir Schlëmmeres ze verhënneren.
© MARCUS BRANDT DPAdpa Picture-Alliance via AFP

Am Bundesland Baden-Württemberg huet d’Police e 66 Joer ale Mann mat engem Schoss an d’Bee gestoppt. De Mann wier an d’Spidol komm, soll awer net a Liewensgefor sinn, deelt d’Police en Dënschdeg zu Heilbronn mat. De Mann wier e Sonndeg spéit owes mam Auto op enger Landstrooss a Richtung Schwäbisch Hall ënnerwee gewiescht a wier do op d’Géigespuer gewiesselt, op där him en Auto entgéintkoum. Nëmmen duerch d’Virsiicht vun der Fuererin vun dësem Auto konnt en Accident verhënnert ginn.

De 66 Joer ale Mann huet dunn aner Chauffeuren, déi der Fra wollten hëllefen, mat engem Messer menacéiert. Hien huet och behaapt, Fläsche mat Sprengstoff derbäi ze hunn, déi en op d’Strooss gestallt hätt. De Mann ass mam Messer op d’Polizisten zougaangen.

Hien huet d’Opfuerderungen, d’Messer fort ze leeën, ignoréiert. Den Asaz vu Pefferspray huet och net gewierkt. Doropshin huet ee Polizist dem Mann an d’Been geschoss. De Parquet zu Heilbronn huet eng Enquête an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO