USAMann gouf iwwer 20.000 Mol vu Beie gepickt

RTL Lëtzebuerg
Nodeems den 20 Joer ale Mann dausende Mol gepickt gouf, huet hie missen an e kënschtleche Koma geluecht ginn.

Am US-Bundesstaat Ohio haten et Beien op e jonke Mann ofgesinn. Dëse gouf, wéi et vu senger Famill heescht, méi wéi 20.000 Mol bannent kuerzer Zäit gepickt an uerg blesséiert. Doropshi gouf hien an e kënschtleche Koma geluecht a kënschtlech beotemt.

De Mann hat e Freideg Äscht vu sengem Zitrounebam gekierzt, wéi hien aus Versinn an en Nascht vun afrikaneschen Hunnegbeie geschnidden huet. Du wieren d’Beien erauskomm an op hien duergeflunn, huet seng Bom Fox 19 erzielt. Seng Famill huet vum Buedem aus missen nokucken, wéi hie vun den Insekten ugegraff gouf. Si selwer konnten net agräifen, well si och vun de Beien attackéiert goufen.

De jonke Mann gouf net nëmmen dausende Mol gepickt, ma soll och eng 30 Beie verschléckt hunn, heescht et vun der Famill. Een Dag hunn d’Medezinner gebraucht, fir d’Déieren aus him erauszekréien. Déi gutt Nouvelle ass awer, dass d’Dokteren dovunner ausginn, dass sech de Patient vun dësem Ereegnes - aus medezinescher Siicht - komplett erhuele wäert.

Back to Top
CIM LOGO