Fir schéi Fotoen ze maachenMann leet Feier a Baden-Württemberg

RTL Lëtzebuerg
E 24 Joer ale Mann hat zu Heidelberg e 4 Meter héije Koup mat geschniddenen Äscht a geméiter Wiss ugezünt.
© AFP/Archiv/Ina FASSBENDER

Doropshi waren d’Police an d’Pompjeeë vu Mannheim alarméiert ginn. Wéi et vun der Police heescht, hätt de Mann ausgesot, dass hien d’Silhouette vun de Flame fotograféiere wollt. Blesséierter goufen et hei keng.

D’Police huet dem Mann säin Ekipement fir ze fotograféieren séchergestallt an eng Ermëttlung wéinst Brandstëftung a Vandalismus an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO