
Beim Héichwaasser leschte Weekend gouf d’Saar, just déisäits vun der däitsch-Lëtzebuerger Grenz, besonnesch staark getraff. Och duerch d’Duerf Wiltingen bei Tréier, ronn eng hallef Stonn vu Gréiwemaacher fort, fléisst d’Saar. A kuerzer Zäit sinn de Weekend d’Peegelstänn do geféierlech geklommen, esou datt Haiser op béide Säite vum Ufer iwwerschwemmt goufen.
Wéi den “Trierischer Volksfreund” e Freideg mellt, koum et zu Wiltingen allerdéngs net just wéinst dem Waasser zu dramateschen Zeenen. Ee Mann hätt refuséiert, säin Haus ze evakuéieren a sech virum Waasser a Sécherheet bréngen ze loossen. D’Secouristen op der Plaz hätte schliisslech zu enger drastescher Mesure gegraff: De Mann wier sedéiert ginn, fir aus dem Gebai bruecht kënnen ze ginn.
Op Nofro huet déi lokal Police der Dageszeitung dëst och elo confirméiert. De Peegel vun der Saar wier séier geklommen, esou datt déi betraffe Strooss zu Wiltingen e Samschdeg de Moien hätt missten evakuéiert ginn. “De Mann, dee scho virdru gesondheetlech Problemer hat, huet schlussendlech vun engem Noutdokter, deen op d’Plaz geruff gouf, misse sedéiert ginn, fir hien ouni Gefor a Sécherheet kënnen ze bréngen”, esou eng Spriecherin vun der Police.
Der Policespriecherin no géif esou eng Decisioun vun der Aschätzung vum zoustännegen Noutdokter ofhänken. Wier de Mann op der Plaz bliwwen, hätt hien an eng liewensgeféierlech Situatioun kéinte kommen.