
En 58 Joer ale Mann hat allerdéngs och séier reagéiert a krut d’Feier geläscht, nach ier d’Pompjeeën op der Plaz waren, sou d’Police vu Paderborn.
De Gasbrenner, deen de Mann benotzt hat, ass u sech geduecht, fir Onkraut ewech ze brennen. Ma wéi de Mann huet domat um Daach hantéiert huet, huet d’Isolatioun an e puer Placken um Daach Feier gefaangen. Ee vun den Noperen huet séier reagéiert a war de Gaardeschlauch sichen. D’Pompjeeën hunn um Enn just nach kontrolléiert, ob och sämtlech Glousen aus waren a si hunn den Daach mat Baatschen ofgedeckt.
Bei de Schued vun e puer honnert Euro kommen awer elo nach Ermëttlunge wéinst fahrlässeger Brandstëftung an dem Verstouss géint d’Bundesnaturschutzgesetz. Harespele stinn nämlech ënner Naturschutz an dierfe just ënner bestëmmte Viraussetzungen bekämpft ginn.