
Dës Explosioun war esou staark, datt d’Strossegriller an der Géigend vum Mann sengem Haus an d’Luucht geflu sinn. Beim Mann senger riskanter Aktioun gouf allerdéngs kee blesséiert, mä et si Schied un den Haiser an un de Stroossen entstanen. D’Héicht vum Schued konnt awer nach net berechent ginn.
De Mann, deen iwwerdeems ze déif an d’Glas gekuckt an 1,36 Promill Alkohol am Blutt hat, gouf nach op der Plaz vun de Beamte mat op de Policebüro geholl. Op hie waart elo eng Plainte wéinst dem Verursaache vun enger Sprengstoffexplosioun.