SaarlandMann war plakeg, voll an ze séier mam Cabrio ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Eng Sprëtztour vun engem 60 Joer ale Mann aus Saarbrécken ass anescht wéi erhofft mat engem Accident op en Enn gaangen.
© AFP/Archiv/INA FASSBENDER

D’Police huet net schlecht gestaunt, wéi si e Mann zu Wadern-Krettnich am Saarland ugetraff hunn, dee mat sengem Cabriolet accidentéiert ass. Trotz killen Temperaturen hat de Chauffer keng Kleedungsstécker un, mä souz plakeg am Gefier. Géint 22 Auer war hie mat erhéichter Vitess a Richtung Primstal ënnerwee an ass dunn an enger Lénkskéier vun der Fuerbunn ofkomm. En Automobilist, deen aus där anerer Richtung komm ass, huet missen auswäichen.

Bei der Kollisioun huet de Mann am Cabrio e Blummebac an en Drot zerstéiert. D’Gefier koum eréischt an enger Baustoff-Palett zum Stoen.

Wéi sech erausgestallt huet, stoung de 60 Joer alen Automobilist ënner Alkoholafloss. Wisou hie sech plakeg hannert d’Steier gesat huet, konnt net festgestallt ginn. Säin Auto gouf staark beschiedegt, de Mann koum fir eng Untersuchung op Hermeskeil an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO