
Als Grond dofir huet den 61 Joer ale Mann uginn, datt hien eng Zigarett fëmme wollt, heescht et vun der Police vu Flensburg en Donneschdeg.
Nodeems de Mann d’Noutbrems gezunn hat, huet den Zuch e Mëttwoch kuerz virun Elmshorn a Richtung Hamburg op fräier Streck misse stoe bleiwen. Kuerz nom Stopp konnt den Zuch awer weiderfueren. Zu Elmshorn op der Gare huet dann och schonn d’Police op de Mann gewaart. Géint hie gëtt elo wéinst geféierlechem Agrëff an den Zuchtrafic a Mëssbrauch vun Noutriff ermëttelt.
De ronn 150 Passagéier ass näischt bei der Aktioun geschitt.