WM 2022Manner ewéi 10 Millioune Mënsche kucken Optaktmatch vun Däitschland

RTL Lëtzebuerg
Bei den ëffentlech-rechtlechen Tëleeschaînen an Däitschland gesäit een, dass den Interêt un der WM bis ewell wesentlech méi geréng ass, ewéi soss.
© Jewel SAMAD / AFP

Déi éischte Kéier zanter iwwer 30 Joer hunn an Däitschland manner ewéi 10 Millioune Leit e Match vun der däitscher Nationalekipp bei enger Futtballweltmeeschterschaft live op der Tëlee verfollegt. Nëmmen 9 Millioune Leit haten den Optaktmatch géint Japan e Mëttwoch live op der ARD gekuckt. Viru 4 Joer waren et der nach knapp 26 Milliounen.

Back to Top
CIM LOGO