
58 Leit hu bannent dräi Woche probéiert, hir Bildschiermzäit op ënner zwou Stonnen den Dag ze drécken. D’Kontrollgrupp vun 53 Participanten ass bei der duerchschnëttlecher Zäit vu 4,5 Stonne bliwwen.
D’Universitéit fir Weiderbildung zu Krems huet dat Experiment wëssenschaftlech begleet an d’Resultater si kloer: Et géif ee klore kausalen Zesummenhang tëscht dem Benotze vum Handy an dem psychesche Wuelbefanne ginn.
Schonn no dräi Wochen hu sech der Etüd no déi depressiv Symptomer ëm 27 Prozent reduzéiert, Stress ëm 16 Prozent. Gläichzäiteg ass d’allgemengt Wuelbefannen ëm 14 Prozent geklommen, wärend d’Schlofqualitéit ëm 18 Prozent eropgaangen ass.
De Professer Christoph Pieh, deen d’Etüd geleet huet an deen Departement fir psychosomatesch Medezin a Psychotherapie vun der Uni uféiert, sot dozou, dass déi Participanten, déi ënner zwou Stonnen den Dag kommen, ganz kloer e positiven Effekt op d’Psych gespuert hunn.
Besonnesch schlecht wier dat villt Scrollen, virop dat sougenannt “Doomscrolling”, bei deem schlecht Nouvellen obsessiv suivéiert ginn. Déi Algorithmen, déi eis festhalen, maachen et schwéier, do erëm erauszekommen. Musek oder Podcasts wieren iwwerdeems awer kee Problem.